Fakultativt Wahlrecht mat 16

Capture d’écran 2015-05-25 à 17.51.46

 

An engem representativen TNS-Ilres-Sondage Ugangs Mee 2015, deen d’Jugendkonferenz an Optrag ginn huet, ware just 43% vun de Leit géint d’Wahlrecht vu 16 Joer un.

Ob d’Fro: „Approuvez-vous l’idée que les Luxembourgeois âgés entre seize et dix-huit ans aient le droit de s’inscrire de manière facultative sur les listes électorales en vue de participer comme électeurs aux élections…“ haten nach e puer Woche virdrun am Politmonitor vun RTL an dem Wort nëmmen 28% vun de Wieler mat „Jo“ geäntwert, 68% waren dergéint.

Woumat rëm eng Kéier beluecht ass, datt een eng Äntwert ka manipuléieren, deemno wéi een eng Fro stellt.

Mir bleift allerdings nach ëmmer onverständlech, firwat datt esou vill Leit sech esou schwéier dinn, ee Jonken, dee wëll wiele goen och wiele goen ze loossen.

Haaptargumenter géint d’Wahlrecht ab 16 si jo:

– si sinn nach net räif,

– si verstinn nach näischt vu Politik,

– si sinn nach net groussjäreg,

– dat aktiivt a dat passiivt Wahlrecht gehéieren zesummen

Capture d’écran 2015-05-25 à 18.36.14

Ech fannen et net gutt, fir d’Wahlrecht a Verbindung mat Räifheet ze bréngen. Kee Mënsch muss beweisen, datt e räif genuch ass fir ze wielen, ech wéisst och net wéi een dat iwwerhaapt kéint feststellen. Et gëtt Leit, déi maache scho mat 16 méi ee räifen Androck ewéi anerer mat 26. Et brauch och kee Mënsch nozeweisen, datt en eppes vu Politik versteet, wann e wëll wiele goen. An ech gleewen och net, datt ee Mënsch vun 18 Joer automatesch eppes vu Politik versteet, a virum sengem 18. Gebuertsdag näischt dovu ka verstoen.

Réischt mat 18 Joer ass ee groussjäreg. Bis zum 18. Joer ënnersteet de Jugendlechen enger besonnescher Legislatioun, dem Jugendschutz. Dat heescht awer net, datt hien net scho virun 18 Joer ka Responsabilitéit iwwerhuelen: Mat 16 Joer däerf hien eng Léier maachen oder schaffe goen. An der Schoul muss hie fir sech decidéieren, a wéi eng Richtung hien sech wëll orientéieren. Fir der Tatsaach vun der Net-Groussjäregkeet Rechnung ze droen, mussen déi Jonk net wiele goen, mee sollen dat däerfen, wann se sech dofir decidéiert hunn, an an eng Wielerlëscht ageschriwwen hunn. An natierlech kënnen se sech dowéinst och net wiele loossen.

Dat aktiivt an dat passiivt Wahlrecht waren zu Lëtzebuerg bis 2003 net zesummen. Bis 1975 huet ee missten 21 Joer al si fir wielen ze goen a 25 Joer fir kënne gewielt ze ginn. Bis 2003 huet ee konnte mat 18 wielen an sech réischt mat 21 wiele loossen. Aktiivt a passiivt Wahlrecht leien also réischt zënter 2003 zesumme bei 18 Joer. 2003 ass iwwregens och d’Wahlflicht vu 70 op 75 Joer erop gehuewe ginn, e.a. mam Argument, datt mer eis der méi laanger duerchschnëttlecher Liewenszäit géingen upassen. Vu 75 Joer un, muss een net méi wiele goen. Deemno wieren déi Jonk vu 16 a 17 Joer also net déi eenzeg, déi ee Wahlrecht a keng Wahlflicht hätten.

An Éisterräich ass de Wahlalter  2007 op 16 Joer erof gesat ginn, bei alle Wahlen (keng Wahlflicht). E puer Resultater vun Analyse vum Wahlverhalen:

Die 16- bis 18-Jährigen sind somit bei Wahlen weder besonders aktiv noch besonders inaktiv, sondern beteiligen sich analog zur restlichen Bevölkerung. Festzuhalten ist, dass die Wahlbeteiligung von SchülerInnen Allgemeinbildender Höherer Schulen (AHS) deutlich höher war als jene von SchülerInnen in Berufsbildenden Höheren Schulen (BHS) oder in Berufsschulen.

Vorweg ist eine scheinbare Banalität festzuhalten: Es ist verfehlt, von den Jugendlichen als einer homogenen politischen Gruppe zu sprechen. So gibt es deutliche Abweichungen in ihren Meinungen, die sich insbesondere über den Status SchülerIn oder bereits vorliegende Erwerbstätigkeit definieren lassen. Dieser Status ist offenbar ein besonders wichtiger Bestimmungsfaktor für die politischen Einstellungen. Dabei sind erwerbstätige Jugendliche deutlich skeptischer und distanzierter gegenüber Politik eingestellt als jene, die noch eine Schule besuchen. Eine Ursache dafür dürfte der Zugang zu Bildung sein, da die Schule als wichtiger bis wichtigster Informationsvermittler über Politik genannt wurde. 1

P1060687Wahlrecht ab 16 oder ab 18, dat dierft näischt un der Tatsaach änneren, datt d’Schoul hei -alt rëm eng Kéier- eng wichteg Missioun huet. Beim Referendum hunn d’Schoulen sech zimlech bedeckt gehal. De Réidener Atertlycée hat allerdings een Debat organiséiert, deen ech a villen Hisiichten exemplaresch fonnt hunn. D’11e, 12e an 13e Klasse waren all an de Festsall komm. Ee Proff hat d’Referendumsfroe virgestallt, dunn hunn d’Schüler ofgestëmmt: Jo, nee oder Abstentioun. Duerno ass an 8 Gruppen diskutéiert ginn: Jeeweils 20 Minutte mat P1060688
engem Politiker deen d’Positioun vum jo vertrueden huet, an dunn mat engem Politiker, dee fir den Nee geschwat huet (respektiv ëmgedréint). Duerno ass nach eng Kéier e Vote gemaach ginn. Den Ënnerscheed vum zweeten op den éischte Vote war eenzeg un der Zuel vun den Abstentiounen z’erkennen: Déi waren ëm 5 Prozentpunkten zréck gaang, an hunn sech bei de Jo additionnéiert. Den Nee war awer staark majoritär bliwwen.

1 SWS-Rundschau (49.Jg.) Heft 4/ 2009: 420–445
Dieser Beitrag wurde unter Verschiddenes veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s