Le génocide arménien: vote d’une résolution

adamLe 6 mai 2015, la Chambre des députés a adopté à l’unanimité une résolution reconnaissant le génocide arménien. La Turquie a immédiatement réagi en rappelant l’ambassadeur de Turquie Levent Sahinkaya à Ankara pour des consultations. L’ambassadrice luxembourgeoise à Ankara, Arlette Conzemius, a elle été convoquée au ministère turque des Affaires étrangères à peine une demi-heure après le vote des députés luxembourgeois. Ces réactions étaient tout à fait prévisibles. Voci le discours que j’ai tenu pour la fraction déi gréng pour argumenter notre vote.

De 24. Abrëll 1915 sinn zu Konstantinopel, dem haidegen Istanbul, e puer honnert Armenesch Intellektueller, Schrëftsteller, Museker, Journalisten, Parlamentarier a Geeschtlecher verhaft ginn, deportéiert ginn, an déi meescht sinn och ëmbruecht ginn. Dat war den Optakt zu engem Verbrieche géint d’Mënschheet, géint Armenier awer och géint Arameeër a Syrer, Kaldeeër, Pontos Griechen … Mir schwätzen haut vu ronn 1,5 Milliounen Affer: Kanner, Fraen a Männer. Dat wat deemools geschitt ass, ass eigentlech ënnert den Ae vun der Welt-Ëffentlechkeet geschitt; et gouf vun Däitschen, Éisträichesch-Ungareschen, Italieneschen, Amerikaneschen, Skandinaveschen, awer och Osmaneschen an Armenesche Quellen dokumentéiert. Schonn am August 1915 hat d’New York Times vun enger methodesch geplangter Aktioun – engem Vernichtungsprogramm – geschwat, an enger Dimensioun wéi d’Geschicht bis ewell se nach net erlieft hat. D’Regierung vum Däitsche Räich, déi dat Osmanescht Räich als Verbünten hat, ass zu der nämmlechter Conclusioun komm ouni allerdéngs eppes dogéint ze ënnerhuelen. Haut, 100 Joer nom Optakt vun deem Massaker hunn esouwuel Däitschland wéi och Éisträich sech zu hirer Matverantwortung bekannt. Den Tierkesche President Erdogan huet allen Osmaneschen Armenier geduecht, déi am 1. Weltkrich bei den trauregen Evenementer – sou dréckt hien sech aus – hiert Liewe gelooss hunn. Éisträich an Däitschland hunn dës Massaker un den Armenier als Vëlkermord, als Genozid bezeechent, grad wéi dann och eis Nopeschlänner d’Belsch, Frankräich an Holland.

Mir verwennen den Terme Genozid och an eiser Resolutioun. Mir sinn der Meenung dat et endlech un der Zäit ass sech un all Affer, vun all Genozid ze erënneren. Dat si mir den Affer an hire Nokomme schëlleg. Dat si mir awer virun allem och eis selwer, an deenen déi no eis komme schëlleg. Et geet hei net drëm mam moralesche Fanger op ee Land ze weisen. Wat virun 100 Joer geschitt ass kann een enger aktueller Regierung net unhänken. Et geet drëm déi geplangte Vernichtung vun engem Vollek ze erkennen, ze benennen a fir d’Zukunft doraus ze léieren. Et läit am Intressi vun all Land och di däischter Kapitele vu senger Geschicht opzeschaffen. Dat kann ee Land net méi schwaach maachen. Ganz am Géigendeel.

déi gréng sinn der Meenung dat et wichteg wier, dat sech d’Relatiounen tëschent Armenien an der Türkei normaliséieren. Dat géing sech positiv op d’Wirtschaft vun deenen 2 Länner auswierken. Dat wier awer och positiv fir all déi Leit, déi an deenen 2 Länner, a virun allem an der Grenzregioun liewen. Et wier dach flott wann Armenien an d’Türkei ähnlech Relatioune kéinte kréie wéi se haut Frankräich an Däitschland hunn, oder Lëtzebuerg an Däitschland. Dofir menge mir datt et wichteg ass datt mir mat der Resolutioun haut zur Obschaffung vun der Geschicht bäidroen an dofir ginn ech och den Accord vun der grénger Fraktioun zu dëser Resolutioun.

Dieser Beitrag wurde unter Politik abgelegt und mit , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s