europäesch Flüchtlingspolitik

claude1De Mëttwoch huet de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn d’Conclusioune vum extraordinärem Sommet vum Europäesche Conseil iwwer d’Flüchtlingskrise virgestallt.

déi gréng: Krich an Doudeger um Wee an d’Immigratioun gëtt et scho laang, an et schéngt leider esou ze sinn, datt et scho grouss Zuele vu Victime musse ginn, fir datt mir an eisen europäesche Länner reagéieren, fir datt Europa reagéiert…

Eng éischt Reaktioun muss natierlech déi sinn, wéi an all Katastrofesituatioun, deenen ze hëllefen, déi an Nout sinn, d.h. déi Leit retten, déi a Séinout sinn.

Déi italienesch Sich- a Rettungsaktioun “Mare Nostrum”, déi am Oktober 2013 lancéiert ginn ass, hat dozou bäigedroen, datt méi ewéi 150.000 Migranten aus dem Mëttelmier gerett gi sinn. “Mare Nostrum”, wou d’italienesch Regierung ronn 114 Milliounen Euro ausginn huet, ass Enn 2014 agestallt ginn.

Mare Nostre ass ersat ginn duerch déi europäesch Operatiounen « Triton » a « Poseidon » ënnert der europäescher Agence Frontex.

Si haten ee Budget, deen dräimol méi niddreg war, wéi de Budget vu Mare Nostre, an d’Booter sinn och nëmme bis 30 Séimeile virun der italienescher Côte gefuer, géint virdrun 100 Séimeilen.

D’EU wëll de Budget fir d’Nofolger vu Mare Nostrum verdräifachen. Domadder korrigéiere mir wuel e Feeler, mä de Problem léise mir domat sécherlech net!

déi gréng: Europa muss méi solidaresch handelen. Et gëtt gefuerdert, d‘Dublin Ofkommes ze reforméieren. Wat sinn d’Problemer mat dësem System?

Mir däerfen d’Migratiounsflëss net méi just als extraordinären „cas d’urgence“ betruechten! Mir befaassen eis hei mat engem strukturelle Problem, an duerfir brauche mir och eng strukturell Reform. Laut dem Dublin System dierften theoretesch iwwerhaapt keng Flüchtlingen aus dem Mëttelmier op Lëtzebuerg kommen. Fir déi gréng mécht dëst däitlech, datt mir eng méi gerecht Verdeelung vu Migranten an allen europäesche Memberstate brauchen. Mir sinn der Meenung, datt dëst nëmme kann iwwer Quote funktionéieren. Dës Quote mussen der Demographie souwéi der wirtschaftlecher Situatioun an all Land ugepasst ginn.

 

déi gréng: Wisou schwätzt du vun engem strukturelle Problem? Musse mer eis op permanent Flüchtlingsstréim astellen.

– Staark Migratiounsbeweegunge sinn et schonn ëmmer ginn.

Mir kënnen dervun ausgoen, datt et mindestens zwou verschidde Gruppe vu Leit gëtt, déi wëllen iwwert d’Mëttelmier, virun allem vu Libyen aus, an Europa kommen :

Déi, déi aus Konfliktzone geflücht sinn, Konfliktzonen ewéi Syrien, dem Mali, oder viru politesche Krise wéi an Eritrea. Vill vun hinnen hätte gutt Aussiichten, datt hinne géing politescht Asyl accordéiert ginn.

Aner Migranten, virun allem awer net nëmmen aus Westafrika, sinn éischter economesch motivéiert. Hei stellt sech Fro vun der Schafung vu Méiglechkeete fir eng legal Immigratioun.

déi gréng: Du hues déi franséisch-senegalesesch Schrëftstellerin Fatou claude2Diome, an denger Ried zitéiert…

– Den Engagement an déi Kraaft vun der Autorin huet mech beandrockt. D’Fatou Diome sot zu Recht : Ee Mënsch dee fortgeet, fir z’iwwerliewen, ee Mënsch, deen d’Gefill huet, datt dat Liewe, wat en riskéiert ze verléieren, näischt wäert ass, dee Mënsch huet eng ongeheier Kraaft, well hie keng Angscht huet virum Doud.

Et ass och wichteg, sech drun z’erënneren, datt och wann et der vill sinn, awer nëmmen en klengen Deel vun de Leit, déi emigréieren, de Wee bis an Europa sichen. Ganz vill Leit si Flüchtlingen an hirem eegene Land, dat heescht si sinn aus hirer Heemecht verdriwwen an iwwerschreide keng Landesgrenz.

Ganz vill Leit flüchten aus Krisegebidder an een Nopeschland. Am Libanon liewen 1.180.000 Flüchtlingen a 4.467.000 Libanesen. A Jordanien dierft d’Situatioun ähnlech sinn.

Dat schéngt mer wichteg, fir all déi Leit, déi mengen, mir kéinte keng weider Flüchtlinge verkraften.

déi gréng: Wéi ass et mam illegalen Traffik vu Mënschen am Mëttelmier?

Natierlech si mir domatt averstanen, datt mer den illegalen Traffik vu Mënschen am Mëttelmier musse bekämpfen. Mir sinn net der Meenung, datt et sech hei em Passeuren handelt, déi Mënschen an Nout wëllen hëllefen, mee ëm Krimineller, déi professionell Reseau’en uleeë fir u Mënschen an Nout méiglechst vill Suen ze verdéngen, an dat ouni Skrupel. Et dierft allerdings schwéier sinn, géint dës Mënschenhändler efficace virzegoen: Eng éischt Konditioun, fir dat esou eng Demarche Erfolleg hätt, wier eng enk Zesummenaarbecht mat de libeschen Autoritéiten. Dat schéngt zur Zäit onméiglech. Libyen ass een eenzege politeschen a militäresche Chaos.

déi gréng: D’Fatou Diome hat och gesot : „On sera riches ensemble ou on va se noyer tous ensemble“

 Mir kommen net derlaanscht, fir Weeër ze schafen, déi eng legal Immigratioun erlaben. Dat schéngt eis eng Noutwendegkeet, mee och dat alleng léist d’Migratiounsproblemer net.

Mir mussen all diplomatesch Mëttelen asetzen, fir déi Krisegebidder ze stabiliséieren, déi op ville Plazen an der Welt entstan sinn. Och mir an Europa droen een Deel vun der Responsabilitéit a ville vun dëse Konflikter.

Mir mussen och weiderhin eng Kooperatiounspolitik maachen, déi derzou bäidréit, datt d’Länner virun allem an Afrika eng wirtschaftlech Perspektiv kréien. Méi ewéi Kooperatiounspolitik ass awer hei och d’Wirtschafts-, d’Handels- an d’Landwirtschaftspolitik gefuerdert.

Dieser Beitrag wurde unter Politik abgelegt und mit , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s