Europa beweegen

gréng Pressekonferenz zu den Europawahlen

gréng Pressekonferenz zu den Europawahlen

Joerzéngtelaang huet och hei zu Lëtzebuerg d’Politik sech et oft einfach gemaach. Mesuren déi angenehm waren, déi hu mir selwer bestëmmt, alles wat manner populär a méi contraignant war, dat waren déi zu Bréissel. Et ass net alles gutt, wat déi Bréisseler Bürokratie erfonnt huet, mee fir mech ass awer evident, datt mir zu Lëtzebuerg, ouni eng zouverléisseg europäesch Partnerschaft, an dëser globaliséierter Welt absolut verluer sinn. Europa brauch a ville Gebidder eng Kurskorrektur. Déi neoliberal Politik, déi och en Deel vun der EU ass, riskéiert villes futti ze maachen, wat negativ Konsequenze fir eis all huet. Rezent Beispill ass de 4. Paquet ferroviaire, deen, et sief dann e géif nach verännert ginn, d’Enn vun der lëtzebuerger Eisebunn ka bedeiten. An och wann ech als alldeeglechen ÖT-Benotzer Handlungsbedarf gesi fir den ÖT ze verbesseren, déi vun der EU ugekënnegt Liberaliséierung ass, besonnesch fir Lëtzebuerg –awer net nëmme fir eis, de falsche Wee. Ee weidert negatiivt Beispill ass den Ëmgang mat den OMGen…

Europa spillt eng eminent wichteg Roll, wat d’Stäerkung vun der Stabilitéit an der Demokratie an der Noperschaft vun der Unioun betrëfft. Déi gréng wëllen, datt d’EU déi demokratesch Iwwergäng an de Nopeschlänner vum Mëttelmier an an Osteuropa ënnerstëtzt. Ech hat d’Chance eng Rei Länner an Osteuropa als Wahlbeobachter ze besichen, z.B. Albanien, Serbien, Bosnien an d’Ukraine. D’Leit déi an dëse Länner wunne gleewen un Europa an hoffen op Europa. Et ass am Interessi vun dëse Länner, awer och an eisem eegenen Interessi, wa mir hei hëllefen nei Perspektiven opzebauen. An der Ukraine, regéiere Korruptioun a Mafia, ënnert dem Janukowitch, awer och scho virun him. Ee staarkt Europa muss wirtschaftlech Hëllef ginn, awer genau sou wichteg ass et, d’Institutiounen ze reforméieren, de Verwaltungsapparat transparent ze maachen an d’Justiz onofhängeg a gerecht. Fir de Fridden an d’Mënscherechter an Europa z’erhalen, brauche mir ee staarkt Europa.

De Claude huet mer säi grénge Paltong geléint

De Claude huet mer säi grénge Paltong geléint

Plakater pëschen mam August

Plakater pëschen mam August

 

Dieser Beitrag wurde unter Politik abgelegt und mit , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s