Table Ronde: Is the EU watching us?

P1050194

Am Virfeld vun den Europawahlen hat Freedom Not Fear eng Table Ronde am Exit07 organiséiert.

Et waren all Parteie vertrueden, déi mat an d’Europawahle ginn, also net just déi um Flyer, an d’Riedezäit fir all eenzelne war natierlech begrenzt. déi gréng sinn an hirer Politik wat den Dateschutz an d’Internetpolitik ugeet konsequent, op nationalem Plang an och am Europaparlament.

2005 hate mir als eenzeg Partei géint d’Gesetz gestëmmt, an deem d’EU Directive 2002/58/CE ëmgesat gouf. Mir hunn argumentéiert, datt mer de Prinzip vum „Generalverdacht“ net géingen deelen an duerfir géint allgemeng Datespäicherung wieren. Déi deemoleg Majoritéit hat och nach d’Dauer vun der Vorratsdatenspeicherung (VDS) op 12 Méint festgeluecht, obschonn d’EU-Direktive och mat 6 Méint zefridde gewiescht wier.

2007 an 2010 hate mir eis beim Vote enthal, well mer natierlech ëmmer nach géint de Prinzip vun der allgemenger VDS sinn, déi zwee Gesetzer awer eng Rei däitlech Verbesserunge par Rapport zum Gesetz vun 2005 mat sech bruecht hunn.

Am Europaparlament, hunn e.a. Leit ewéi de Jan Philipp Albrecht vun de Gréngen am Dossier Dateschutz an Netzneutralitéit eng exzellent Aarbecht gemaach.

Natierlech gouf ech op der Table Ronde gefrot, op déi gréng, elo wou mer de Justizminister stellen, eis Meenung geännert hätten: Den EU Geriichtshaff (Cour de justice de l’Union européenne, CJUE) huet d’EU-Direktiv 2006/24 iwwert VDS verworf. An elo hätt dee grénge Minister nach dat nationaalt Gesetz net geännert. Dobäi huet de Felix Braz nach um Dag selwer, wou d’Decisioun vum Geriicht bekannt gouf reagéiert: “ L’arrêt de la CJUE est à saluer … Cet arrêt met en évidence que pour la CJUE les règles relatives à la sécurité ne priment pas les droits relatifs à la protection de la vie privée et de la protection des données à caractère personnel… Afin de pouvoir décider de la validité de notre loi par rapport aux exigences de la CJUE, un examen détaillé de l’arrêt et de ses conséquences sur notre législation nationale est actuellement en cours, impliquant l’ensemble des acteurs concernés par le sujet.“

Eng aner Fro un déi gréng huet d’Opstelle vu Radaren zur Vitessekontroll betraff: Sinn esou Radaren net contraire zum Dateschutz? Déi gréng hunn zu Bréissel géint den „e-call“ System an den Autoe gestëmmt, an de Minister Bausch léisst elo Radare laanscht d’Stroossen opstellen…

Am aktuelle Regierungsprogramm steet: „… l’installation de radars aux endroits dangereux de notre réseau routier sera mise en oeuvre en tenant compte des dispositions applicables en matière de protection de données“

Et ass kloer, datt et sech hei em eng Mesure mat Impakt op d’perséinlech Fräiheet handelt. Duerfir ass et wichteg, datt déi agesaten Technik just eng Momentopnahm erlaabt, wann d’Iwwerschreidung vun der Vitesse festgestallt gëtt. Zu Lëtzebuerg ass d’CNPD schonn zanter Joeren an d’Ausschaffe vum Dateschutz-Kader fir déi automatesch Radaren agebonnen (zanter mindestens 2008), deemools och speziell am Kontext vun der Installatioun vun de CITA Kameraen op den Autobunnen.

Zwou Randbemierkungen:

– Eng Table Ronde, wou ee permanent am Viséier vun enger Kamera ass, a live twitter Messagen a sengem Réck projezéiert kritt, déi de Public gesäit, de Mënsch op der Table Ronde awer net, ass scho speziell. Freedom not fear ?

– D’Aussoe vum Vertrieder vun der KPL waren ee staarkt Stéck:

twitter

De Mann vun der KP hat och nach gemengt, dem Stalin seng Mériter, wat de Kampf géint de Faschismus ugeet, géingen ëmmer nach ënnerschätzt ginn. Würg!

 

Dieser Beitrag wurde unter Politik abgelegt und mit , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s