Bourses pour étudiants : Den Ufank!

P1040030D’Gesetz iwwert d’Reform vun de Studenteboursen vun 2010 war als „Spuermoossnam geduecht – dat gëtt offensichtlech ëmmer erëm vergiess -, an et gehéiert zu deem Krisepak, deen – nom Platten… vun der leschter Tripartite – d’Regierung am Sologank ficeléiert an … op de Wee geschéckt huet.“ Esou hat den deemolegen Rapporter Lucien Thiel vum Projet de loi 6148 iwwert d’Boursen vun de Studenten den 13. Juli 2010 séng Ried an der Chamber ugefaang.

D’Rechnung vun der Regierung war, fir duerch d’Ofschafe vum Kannergeld a vum Kannerboni fir Héichschoulstudenten 74 Milliounen anzespueren. Fir déi jonk Leit déi wëllen studéieren goen, ass een neien System vun Boursen a Prêten agefouert ginn. Well déi nei Regeluing vum Kannergeld fir d’éischt décidéiert gouf, war d’Reform vun de Bäihëllefen fir d’Studenten ënnert engem groussen Zäitdrock zustan komm.

All Student, den zu Lëtzebuerg wunnt, kann pro Joer 6500€ Bourse an 6500€ Prêt kréien. Un dem Finanzement hänke keng weider Konditioun drunn. All Student kann bis maximal 3700€ Aschreiwungsgebühren rembourséiert kréien. An enger aussergewéinlech schwiereger Situatioun kann de Student nach eng Kéier 1000€ weider vum Stat kréien.

Et war domat gerechent ginn, datt d’Frais’en vun de Boursen gingen vun 17 Milliounen op 55 Milliounen eropgoen, dat heescht op de Boursen ass mat enger Méiausgab vun 38 Milliounen gerechent ginn.

De Stat wollt also ënnert dem Stréch 36 Milliounen Euro spueren! Déi Erspuernis, déi sech mat där neier Regelung sollt erginn, war um Bockel vun de Frontaliere geplangt, fir déi d’Kannergeld elo bei 18 amplaz bei 27 Joer ophal hat.

Déi Rechnung war awer net opgaang:

Sorce: Etude de Caritas Luxembourg : Les transferts sociaux en temps de rééquilibrages budgétaires

Source: Etude de Caritas Luxembourg et Gréng Stëftung : Les transferts sociaux en temps de rééquilibrages budgétaires

Source: Etude de Caritas Luxembourg : Les transferts sociaux en temps de rééquilibrages budgétaires

Source: Etude de Caritas Luxembourg et Gréng Stëftung : Les transferts sociaux en temps de rééquilibrages budgétaires

Déi nei Regelung huet also net 36 Milliounen Euro gespuert, mee ass 11 Milliounen Euro méi deier ginn. D’Regierung hat sech also em 47 Milliounen Euro verplangt!

Mam Gesetz vun 2010 hu mer ee Grondakommes fir Studenten geschaf. Dat war e Paradigmewiessel. Dat ass u sech sympathesch.  Jiddweree gëtt d’selwecht gekuckt. Mir hu keng Studente méi aus räichen a manner räichen Elterenhaiser. Mir hunn nach just jonk Leit, déi wëlle studéieren.

Wann een esou een Paradigmewiessel wëll, da musse en sech natierlech d’Fro stellen : Gëtt et Gewënner a Verléierer bei dem neien System? D’Äntwert ass kloer:

Fir d’éischt mol verléieren d’Frontalieren. Déi kréien keen Kannergeld méi, wann hier Kanner op  d’Uni ginn, an hier Kanner kommen och net an de genoss vun de lëtzebuerger Bäihëllefen.

Dann, déi Leit, déi wéineg Sue verdéngen a vill Kanner hunn, well d’Kannergeld gestaffelt war, an och Leit mat enger Behënnerung riskéieren duerch deen neie System manner finanziell Hëllef ze kréien ewéi virdrunn.

Gewënner sinn déi Leit mat engem relativ gudden Akommes, dat heescht Familljen, deenen hir finanziell Situatioun bis elo ni zougelooss hat, datt hir Kanner eng substantiell Bourse konnte kréien.

Schon 2010 hunn sech eng Rei Froe gestallt:

–         Ass d’Iddi vum Grondakommes fir Studenten gerecht?

–         Sinn déi nei Bäihëllefen finanzéierbar?

–         Ass dëse System konform zu eisen Verpflichtungen als EU-Stat?

Mir haten 2010 keng zefriddestellend Äntwerten op dës Froen kritt an duerfir hat déi gréng Fraktioun géint dëst Gesetz gestëmmt.

Dieser Beitrag wurde unter Educatioun abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

3 Antworten zu Bourses pour étudiants : Den Ufank!

  1. Marc Kohll schreibt:

    „Gewënner sinn déi Leit mat engem relativ gudden Akommes, dat heescht Familljen, deenen hir finanziell Situatioun bis elo ni zougelooss hat, datt hir Kanner eng substantiell Bourse konnte kréien.“
    Salut, des Iwerleong ass schons aus dem Grond falsch well wann ett sech em en Grond-Akommes fir Studenten durstellt-wei hei beschriwen-, kennen wuel nett Familjen zou den Gewenner geheieren. D’Elteren profiteieren jo schliesslech nett vum Grond-Abkommes vun den Studenten-oder soll ech soen vun hiren Kanner.

  2. clauderadam schreibt:

    Theoretesch ass déi Bemierkung absolut korrekt. Pratesch sinn ech awer der Meenung, datt Relatiounen Elteren-Kanner net mat 18 Joer eriwwer sinn. Ech ginn dovun aus, datt Elteren och nach un hieren groussjähregen Kanner interesséiert sinn. Soss misste mer jo och zimlech schnell d’Ierfschaftslegislatioun op de Leescht huelen.

  3. Sébastien Wagener schreibt:

    Sou wéi den Här Biltgen dat eng Kéier erklärt huet ass et nach wie vor sou, dass d’Eltren, onofhängeg vum Alter, fir hir Kanner musse suergen (grad wéi och d’Kanner spéider fir hir Eltre musse suergen).
    Dat neit Gesetz huet also just als Konsequenz, dass räich Eltren manner musse fir hir Kanner suergen, well de Staat dat iwwerhëllt. Sozialtransfer mol anescht 🙂
    Als Rappel: wann d’Eltren vun engem Kand eng Pai vum Mindestloun hunn, hu se näischt musse bäileeën. Fir all Euro driwwer hu se 22 Cent musse fir hirt Kand zréckhalen. Wa méi Kanner am Haushalt waren ass dee Betrag drastesch rofgaangen.
    Wat och net erwähnt gouf ass, dass den Här Biltgen scho laang am Viraus vun der ACEL gesot krut, dass seng Zuelen net stëmme géingen. Hien ass ëmmer dovunner ausgaang dass hien 95% vun de Studente ging ofdecken. Zum Schluss waren et mol keng 50%. Dat erklärt déi grouss Diskrepanz am Budget – hien hat der Chamber versprach, dass et am Equiliber wir.

Hinterlasse einen Kommentar