D’ULBP huet eng éischte Kéier um Lernfest vun der Landakademie mat gemaach. Well et esou laang scho kal an naass war, hate mir de Choix getraff, fir eise Stand bannen an der Schoul opzeriichten. Dat huet sech dunn allerdings bei dem herrlechen Wierder net als den allerbeschten Choix erausgestalt.
D’ULBP Benevolen haten Regaler mat insgesamt 1000 Bicher an enger ganzer Rëtsch Sëtzkëssen op Mamer gefouert.
Mam Stand wollte mer op d’Offer vun den ëffentlechen Bibliothéiken hei am Land opmierksam maachen. Mir hun d’Méiglechket gebueden, sech matt engem Buch –Comic, Sachbuch, Krimi , …, gemittlech op engem Podest oder Sëtzkësen néierzeloossen, ze liesen an ze raschten.
Mir hätten eis scho méi Leit op eisem Stand gewënscht. Mee et war absolut logesch, datt d’Leit sech bei dem gudde Wierder éischter baussen opgehal hunn, wéi datt se bannen an der Mamer Schoul wollten sëtze bleiwen.

Dat do hätt mech interesséiert, awer ech sinn net dohinner gaangen, well ech geméngt hunn, et wär fir d’Kanner an hir Elteren.