Een Owend fir de Kamerun zu Méisdref

A.G. Lieshaus– Zënter dem November 2004 gëtt et d‘ „Cameroon Rural Support“ asbl. (huet nach keen Agrément als ONG) an zënter 2007 organiséieret dës asbl. all Joers een kameruneschen Owend, wou et ganz lecker Spezialitéiten aus dem Kamerun z’iesse gëtt.

– 2009 war den Budget souwäit opgestockt, datt een éischten Projet konnt realiséiert ginn: den Dag vun enger klenger Schoul gouf erneiert.

– 2010 ass een zweeten Projet opgebaut ginn: Primärschoulskanner a ganz prekären Situatiounen sollen direkt ënnerstëtzt ginn, durch d‘Bereetstellen vun Schoulmaterial, Schouluniformen an d’Iwwerhuelen vun den Aschreiwungskäschten. De Projet huet dunn och mat 20 Kanner ugefaangen a leeft haut mat 25 Kanner, deels mat neien, deels awer och mat nach deenen selwechten Kanner.

– 2012 ass ee weidere Projet gestart ginn, fir jonk Leit an hirer Ausbildung z’ënnerstëtzen. An deem Projet sin am Moment 10 Leit ugeholl. Fir dee Projet hat d’asbl. zu Bali Nyonga en Artikel an d’Zeitung gesat a jonk Leit mat engem konkreten Berufsprojet an engem Patron am Réck, deen sie géif ausbilden, konnten sech melden. D’asbl. krut 30 Demanden an dovunner goufen der 10 zréckbehalen. Déi jonk Leit haten sech alleguer beim President vun der asbl. presentéiert, wéi hien am Dezember do ënnen war. D‘Dauer vun dësen Ausbildungen (Beruffschauffeur, Coiffeur, Schneider, Mécanicien, Schweesser) variéiert vun e puer Méint bis dräi Joer, d’Ennerstëtzung leeft awer ëmmer nëmmen op 1 Joer an dann kuckt d’asbl., je no Performance, ob se erneiert gëtt oder net.

Di zéng Leit sin tëscht 14 an 32 Joer aal, hunn entweder keng Famill méi oder just nach een Elterendeel, anerer hun och schonns eng eegen Famill oder mussen sech em aaner Familiememberen këmmeren.  De Gros vun hinnen lieft am Moment vun engem klengen Stéck Land, dat si bewirtschaften.

A.G. Lieshaus

Dës kleng asbl. lieft vun der Aarbecht vun enger handvoll Mataarbechter, déi awer och nach op d’Hëllef vun e puer Leit ziele kann, déi z.B. beim kameruneschen Owend eng Hand mat upaken oder eng Tombola organséieren.

Dieser Beitrag wurde unter Verschiddenes abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s