20 Joer op der Lay

op der layDen 14. März hat de Gollo Steffen an d’ganz Equipe vun „Op der Lay“ op eng sympatesch Feier am Centre National de la Littérature zu Miersch agelueden.

Och wann dat éischt Buch, wou op der Lay drop stung, schonn 1987 erauskomm ass, esou ass de Verlag, d’Firma „Op der Lay“ awer eréischt 1993 gegrënnt ginn, an hat also gëschter Owend säin 20. Gebuertsdag gefeiert.

Den Claude Conter, Direkter vum CNL, huet den Optakt ginn, duerno hat d’Claudine Muno d’Wuert. D’Claudine Muno hat een, a mengen Aen, ganz spannenden Abléck an dem Kënschtler oder der Kënschtlerin säin Verhältniss mat den neien Medien ginn. Hatt huet säin Verlag gelueft fir seng Ënnerstëtzung an déi Fräiheet, déi hatt do huet, hatt huet awer och vun de Méiglechkeeten geschwat, scho bal geschwäermt, déi haut engem Kënschtler opstinn fir säi Wierk an enger grousser Onofhängegkeet public ze maachen. Dat ass ee Sujet, den ech nach eng Kéier ganz gaere ging verdéiwen.

A.G. LieshausDe Gollo huet aus der Verlagsgeschicht erzielt: „Ech weess net, ob Dir iech iwwerhaapt virstelle kënnt, wéi vill verschidde Kapen z.B. ech mer mam Verlag opsetzen: déi éischt 11 Joer op d’manst déi vum Lektor, Layouter, Illustrator, Designer, Scanner, Fotoretuschéierer, Korrektor, Reesender, Magasinier, Zouliwwerer, Chauffeur, Comtable, Webdesigner, Telefonist, Opnametechniker asw. asf.“ De Gollo gouf dunn kankheetsbedingt an sengem Aifer gebrach, an hie stung virun der Fro: ophalen oder anescht weiderschaffen? Hien huet glécklecherweis net opgehalen, mee en huet sech e puer Kollegen mat an d’Verlagsboot geholl, vun denen d’Doris an der Jean-Marc nach bis haut derbäi sinn.

All Publikatioun bedeit ee finanzielle Risiko, an datt een zu Lëtzebuerg weder mat Schreiwen nach mat Publizéieren kann räich ginn, ass gewosst. De Gollo wert Recht hunn, wann hie set, datt mer ouni den Nationalen Kulturfong just nach Kachbicher zu Lëtzebuerg hätten. Emsou méi interessant, datt de klenge Verlag de Schratt gemet huet, fir op den digitale Marché ze goen. Déi éischt Bicher fir den Kindle kann een zënter e puer Deeg bei Amazon am Internet kafen.A.G. Lieshaus Wéi eng Méiglechkeeten déi nei Technologien fir d’Lieser bidden, dat krute mer e.a. um Beispill vum Renée Weber sengem Kannerbuch „Muhna Lisa oder den Dram vum Fléien“ gewisen: Dat war schonn beandrockend! Déi nächst Joren soll de Lieser selwer décidéieren, wat him besser gefällt. Mir op der Lay bidden béid Méiglechkeeten: op Pabeier oder als eBook.

An du gouf et Gebuertsdagskuch!

Dieser Beitrag wurde unter Kultur veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Eine Antwort zu 20 Joer op der Lay

  1. Jean-Marie Reding schreibt:

    Amazon … „Der Monopolist aus Luxemburg“, esou de Kommentär vum dt. Bibliothekärfederatiounspresident Lorenzen (BID), deen Dag 15.03. mëttes zu Leipzig um Enn vum Dt. Bibliothekartag. E Schmuddelimage fir Lëtzebuerg méi, leider.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s