Den 31. Januar 2007 hu sech d’Vertrieder vun den ëffentleche Bibliothéiken zesummefonnt, fir ee gemeinsame Verband, d’ULBP (Union Luxembourgeoise des Bibliothèques Publiques) ze grënnen. D’ULBP setzt sech a fir d’Schafung, den Erhalt an d’Weiderentwécklung vun den ëffentleche Bibliothéiken zu Lëtzebuerg.
Bicher an aner Medien ausléinen, esou laang een se brauch, an erëm zréckbréngen, fir datt deen Nächste kann dovu profitéieren, net alles musse kafen a stockéieren, dat schéngt eis an der ULBP och haut nach ëmmer ee modernt Konzept vun engem schounenden Ëmgang mat eise Ressourcen ze sinn. Mir sinn iwwerzeegt dervun, datt d’ëffentlech Bibliothéiken, Haiser, wou Bicher, Medien, Wëssen zesummegedroe ginn a gratis engem interesséierte Publikum zur Dispositioun gestallt ginn, och an Zukunft eng Plaz an eiser Gesellschaft verdingt hunn.
Déi lescht zing Joer si vill Efforten geleescht ginn, mee et bleift nach ëmmer vill ze dinn. De Reflex fir an eng Bibliothéik ze goen ass bei eis fir vill Leit verluer gaang. Den Zougang zu enger ëffentlecher Bibliothéik ass och net fir all Mënsch hei am Land d’selwecht: Et gëtt nach vill wäiss Flecken op der Bibliothéikslandkaart. D’Entwécklung vun den elektronesche Medien ass eng grouss Erausfuerderung fir eis, eis Bibliothéike mussen sech weiderentwéckelen, hir Offer muss sech an Zukunft, vläicht nach méi wéi bis elo, ganz breet opstellen, an alles, wat Bicher, Medien, Liesen a Schreiwe betrëfft, ëmfaassen. Mee och de soziale Volet wäert an Zukunft méi eng grouss Roll spillen; Bibliothéike sollen Haiser sinn, wou Mënschen sech begéinen, an net nëmme Bicher, mee och Gedanken austauschen.
D’ULBP huet een“Guide des bibliothèques publiques luxembourgeoises“ zesummegestallt. Dëse Guide gëtt den 6. März, no eiser Generalversammlung, der Presse virgstalt. Hien soll hëllefen, d’ëffentlech Bibliothéiken zu Lëtzebuerg méi visibel ze maachen.