„Assisen“ iwwert d’Reform vum Lycée: alles geheim!

IMG_2089 - Copie (2)Dësen Freiden an Samsden (1. an 2. Februar), organiséiert den Educatiounsministère « Assisen » iwwert d’Reform vum Lycée. An den Invitéiert sin: Vertrieder vun de Schüler, den Elteren, de Proffen, den Direkteren an der “société civile”. D’Ministesch huet gesot, d’Assisen wieren eng Reaktioun gewiescht op den “Happening[1]”, den e puer Dausend Enseignant’en den 22. März 2012 virum Ministère organiséiert haten.

Prinzipiell fannen ech et eng ganz gutt Iddi, fir déi verschidden Schoulpartner ënnert esou enger Form an zu esou engem Thema zesummen ze ruffen an ze diskutéieren. Dat kéint een eigentlech regelméisseg maachen, vläicht wéi an der Coopératioun, déi all Joers d’”assises de la coopération luxembourgeoise” organiséieren, wou all Partner, aus den ONG’en, den Ambassaden, der Chamber an soss Interesséierten kënnen Deel huelen. – Am Moment ass et net virgesin, regelméisseg esou Assisen vun der Educatioun z’organiséieren, sot d’Madame Delvaux.

Déi Lëtzebuerger Chamber huet keng oder kaum eege Mëttelen fir esou eng grouss Hearingen z’organiséieren. Dat ass schued, net nëmmen fir dësen Dossier! Et wier duerfir wichteg, datt, wann d’Regierung esou eng Manifestatioun organiséiert, wéinstens déi concernéiert parlamentaresch Kommissioun ging mat abezunn ginn. Et si jo schlussendlech d’Deputéiierten, déi der Ministesch hier Reformen stëmmen oder eben net stëmmen. Dat wier also eng gutt Geleeënhet, sech aus éischter Hand z’informéiern, wat déi verschidden Schoulpartner zu der Reform ze soen hun. D’Chamber ass awer net zougelooss. D’Madame Minister sot déi aner Partner hätten dat net gewollt. Vläicht ass dat esou. Vläicht awer och net. « Les conclusions des Assises ensemble avec le rapport que la Délégation nationale des enseignants des lycées s’est engagée à rédiger pour mars 2013, fourniront à la ministre les éléments nécessaires de la finalisation du projet[2] ». A wann dann de Projet finaliséiert ass, da kënnt en an d’Chamber, an dann misst jo all Schoulpartner an och d’Ministesch drunn interesséiert sinn, datt d’Deputéierten gutt informéiert sinn !


[1] Dixit Mady Delvaux Stehres
[2] Edunews octobre 2012
Dieser Beitrag wurde unter Educatioun abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s