46e conférence des comités de la CGFP

DSC02611Den Emile Haag (Féduse), Président fédéral vun der CGFP,  mécht d’Begréissung.
De Claude Heiser (Féduse), 1er Vice-Président fédéral  mécht ee Plaidoyer fir d’Cohésion sociale a mengt, datt all Ënnerorganisatiounen vun der CGFP een Aen op dat Ganzt hun. Dat ass net bei allen Gewerkschaften esou. Déi verléieren den „intérêt général“ aus den Aen. „Mir gleewen un de sozialen Dialog, mee de Bou däerf net iwwerspaant ginn, well mir kënnen och anescht.“

DSC02615De Romain Wolf (AGC), Secrétaire général, ass wéi ëmmer, den Haaptriedner.

Hien kritiséiert, datt den 1. Budgetsentworf op d’Kopp gehait ginn ass, déi onsaeglech Indexmanipulatioun an d‘Pensiounsreform déi d’lescht Woch d’Chamber passéiert huet.

Hien stellt fest, datt d‘Politiker keng glécklech Figur gemeet hunn bei der Crise an der Eurozone. Bei der Bankecrise wéi bei der Crise d’Endettement bezuelen déi d’Crise, déi se net verursaacht hun.

Den Romain Wolf set: de Budgetsprojet 2013 war direkt staark a Fro gestallt ginn well net genuch gespuert ginn ass. War dat vläicht ee gestalten Szenario? Bestallt vun der Patronatslobby? Lëtzebuerg brauch net déi selwecht Medezin ewéi Griicheland.

Wann d’Wuesstem weidergeet, da muss am Wunnengsbau eppes geschéien. Wunnengspraisser sinn an 10 Joer em méi ewéi 100 Prozent an d’Luucht gaang. 1000den Stonnen ginn all Joer verluer: an de Stauen, op Waardelëschten fir an d’Spideeler, mir hunn iwwerfëllten Crèchen, Schoulen an een iwwerfëllten ëffentlechen Transport an de
Spëtzestonnen… Mir brauchen verstäerkt Investitiounen an eis ëffentlech Infrastrukturen. Wou wier de Stat haut ouni dës Fonction publique? Wier net elo den Punkt komm fir een Débat iwwert en modernen Stat ze féieren? Sech besser opstellen op institutionellem Plang am Finanzberäich ass eng Noutwennegkeet.

Den 1. Budgetsprojet war ausgeglach, den 2. net. D‘Steierschrauw gouf eropgedréint. Dat bedeit eng Verschlechterung fir de Wuesstem. Wann een de physeschen Persounen manner gëtt, da kënnen se manner ausginn. Kafkraaftverloscht vun 0,3 bis 0,6 Prozent.

Vun den Amendementer zum Budget treffen déi mannst op d’Betriber. Alles geet op Käschten vun de Leit, de Leit mat Kanner an op d‘Kafkraaft. Alles reng Spuermoossnahmen, keng ekologesch Komponent; 2014 no de Walen wäert d’TWA eropgesat ginn. CGFP setzt sech radikal géint d‘Eropsetzen vun der TWA an, well dat onsozial ass. D’Steiertarif’en dierften just bei ganz héigen Léin eropgesat ginn. 1/10 vun der TWA gëtt net bezuelt, wéinst Fraude. 100 Milliarden Euro ginn esou all Joer verluer. D’Politik gëtt diktéiert vun der Wirtschaft.

Den Accord salarial ass rëm a Fro gestallt ginn. Mee ouni Gehälteraccord och keng Strukturreform.

An engem ganz wichtegen Punkt gëtt net dem Rechnung gedroen wat ofgemat war: Avancementer sollen op 3 Joer harmoniséiert ginn. Fir den Niveau Supérieur steet iwwerall am Projet de loi dran « au plus tôt dans 3 ans ». Dat ass alles mee keen Automatismus. Dat muss direkt aus dem Gesetz erausgeholl ginn. De Ball läit rëm bei der Regierung. Endlech muss mat dem Viruerteel, d’Fonction publique wier just ee Käschtefaktor, opgehal ginn. Wou wieren mer drun am Land, ouni eng gutt Fonction publique?
Wann den accord salarial net ëmgesat gëtt, huet d’Regierung hiert Vertrauen verspillt a muss d’Konsequenzen droen.

2 Joer op eng Erhéijung vun de Paien verzicht. Méi ass fir eis net dran. Déi schwéier erschafften Accord’en mussen agehal ginn. Mir loossen eis net virféieren. Dat nächst Joer wäert eng Rei désagréabel Iwwerraschungen bréngen….
DSC02610

Dëst ass a groussen Zich wat op der conférence des comités geschwat ginn ass. Et ass och eng Resolutioun ugeholl ginn, wéi ëmmer unanime.

Et kann een Villes méi nuancéiert gesinn wéi d’CGFP. Mee natierlech ass och de klengsten Verzicht vun engem sozialen Acquis een sozialen Ofbau. Dat ass einfach esou, an et ass der Gewerkschaft hiere Roll fir sech do ze wieren. Déi Acquis’en sinn an joerzéngtelaangem Wirtschaftswuesstem erstridde ginn. Wann de Wuesstem op null tendéiert ass et logesch, munneches a Fro ze stellen. Et heescht just oppassen wat a wéivill. Am Januar 2013 fänken d’Diskussiounen an der Chamberskommssioun iwwert d’Gesetzprojeten vun der Reform vun der Fonction publique un.

Dieser Beitrag wurde unter Politik abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s