Ausstellung: Schoulkanner, fréier an haut, aus der Gemeng Miersch

Am Gespréich mam Irène a Johny Pissinger-Engelmann vun Nordliicht-TV

Am Gespréich mam Irène a Johny Pissinger-Engelmann vun Nordliicht-TV

D’Mierscher Geschichtsfrënn hun eng ganz Rei Foto’en am Mierscher Kulturhaus ausgestallt. „… Et gëtt keng Zäit an eisem Liewen, déi eis esou geprägt huet, wei déi Joeren déi mir op der Schoulbänk verbruecht hunn. …“heescht et an der Reklamm fir dës Ausstellung.

Aarbechtskollegen vun 1982 -1999

Aarbechtskollegen vun 1982 -1999

Ech war um Vernissage. Als Schüler sin ech zu Biissen an d’Schoul gaang, net zu Miersch . Mee ech hun ëmmerhin 17 Joer als Schoulmeeschter zu Miersch geschafft.Dat war eng spannend Zäit, ech denken gaeren dorun zréck. Ech bedaueren et, datt mir hei am Land keng serieux Dokumentatioun  vun der Entwécklung vun eise Schoule gemet hun. Et gët keng ëffentlech zougängeg Dokumentatioun, wéi mir vun eise klengen Duerfschoulen, wou alt Kanner vum 1. bis d’8 Schouljoer an enger Klass waren, zu den Zentralschoulen an de Joergangsklassen iwwer gaang sin. Ech hat mer mol eng Kéier e bëssen Aarbecht gemet, fir déi Ëntwecklung an der Gemeng Miersch z’ënnersichen. Dat war 2002 am Kader vu menger Diplomaarbecht op der PH zu Heidelberg. Et wier wierklech spannend, déi Entwécklung am Zaitraffer iwwert dat ganzt Lëtzebuerger Land ze kucken. Do kéimen engem bestëmmt och Gedanken iwwert ee séchere Schoulwee, iwwert eng ideal Gréisst vun enger Schoul…

NLM_6197Zréck zu der Ausstellung: Et ass keng Foto datéiert. Anscheinend ass dat gewollt. Dann huet den Visiteur d’Chance fir selwer op Entdeckungsreess ze goen. Den eemolege Schüler sicht esou laang bis hien sech font huet, eventuell fënnt hien sech och nët. Dat selwecht gëlt fir den eehemolegen Schoulmeeschter. Ech hu mech rëmfonnt. Nët op enger Foto, mee op engem Videofilm vun 1989, den an enger Dauerschläif gewise gëtt. Dat ass scho sou laang hier, ech hat mech selwer net direkt rëmerkannt.

Wien also zu Miersch an der Schoul war an Loscht huet ze kucken, op en matt enger Foto vun senger Klass am Kulturhaus hängt, de soll sech déi Fotoen onbedingt ukucken.

Wien en Androck wëllt kréien, wéi sech d’Schoulen an der Gemeng Miersch entwéckelt hun, de kënnt nëmmen begrenzt op seng Käschten, well d’Fotoen keng chronolegesch Reihenfolg hun an och keng beschreiwend Texter derbäi sin. Dat wonnert mech, well jo schliisslech d‘Geschichtsfrënn dat organiséiert hun. Mee vläicht hun ech jo eppes iwwersin, ech gi mer d’Ausstellung op alle Fall mol nach eng Kéier a Rou ukucken.

Dieser Beitrag wurde unter Kultur abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s