ULBP @ Walfer Bicherdeeg

Zesummen mam Tanja  Dühr (Sekretärin vun der ULBP, Union Luxembourgeoise des Bibliothèques Publiques) um Stand vun der ULBP op de Walfer Bicherdeeg. Frësch aus der Imprimerie, hate mer eise „guide des bibliothèques publiques luxembourgeoises“ mat um Stand. An dësem Guide stin all wichteg Informatiounen iwwert eis 16 Memberen, virun allem och iwwert déi 14 ëffentlech Bibliothéiken, déi mer hei am Land hun: Adress, Internetsäit, Öffnungszäiten, Zuel vun de Medien asw.
Mir hate vill prominente Besuch op eisem Stand, gläich 3 Ministeren, de Walfer Buergermeeschter, de Claude Conter, Direkter vum Centre national de Littérature, D’Mme Kieffer, Direktesch vun der Nationalbibliothéik …
Kann een soen, datt d“Walfer Bicherdeeg“ den Pendant vun der Frankfurter Buchmesse zu Lëtzebuerg sin? – Kann ee soen, mee dat léisst vill Spekulationen opstoen, souwuel iwwert Lëtzebuerg wéi iwwert d’Bicherdeeg 🙂 Fakt ass op alle Fall, datt een dëse Weekend zu Walfer praktesch jidfereen begéint, den zu Lëtzebuerg eppes mat Bicher a Literatur ze din huet.
Een wichtegen a spannenden Event war bestëmmt och d’Präsentatioun vun „Literaresch Welten„, eng Lëtzebuerger Anthologie an 3 Sproochen. Et huet éiweg gedauert, bis dat Wierk faerdeg war. Do goufen et vill Problemer, ee vun deene méi groussen huet sech ëm d’Autorenrechter gedréint. Mee elo ass d’Anthologie faerdeg an um Marché, avis aux amateurs!

Dieser Beitrag wurde unter Verschiddenes abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s