Ukraine 1: Präsidentschaftswahlen 2010

D’Ukraine, dat flächeméisseg gréisst europäescht Land mat ëmmerhi 4 Nopeschlänner, déi Member vun der EU sinn (Polen, Slovakei, Ungarn a Rumänien), war besonnesch duerch d’Präsidentschaftswahlen vun 2004 fir vill Leit ee Begrëff ginn.

Deemols hunn dausende vu Leit wochelaang géint Wahlfälschung protestéiert, an no engem 3. Wahlgang huet d’Oppositioun sech du géint déi vu Moskau ënnerstëtzte Majoritéit duerchgesat.

D’Helde vun der sougenannter oranger Revolutioun vun 2004 waren bis 2010 um Pouvoir –haten awer zum Deel spektakulär u Popularitéit verluer. Den déi Zäit amtéirenden Präsident Juschtschenko hat op aussichtsloser Positioun gekämpft. Déi deemoleg Regierungschefin Julija Timoschenko hat nach gudd Aussiichten op eng 2. Plaz am Rennen. Féirend an de Sondagen, war den ehemolege Wahlfälscher Janukowitch.

Eeneg waren sech eigentlech all Kandidaten, datt d’Zesummenaarbecht mat der EU stänneg verbessert sollt ginn, de Bäitrëtt an d’Nato sollt net op d’Agenda stoe kommen. Et war vun Ufank un zimlech sécher zimlech sécher, datt et am Februar zu engem zweete Wahlgang tëschent de Gewënner vum 17. Januar ging kommen. Bei aller Kritik un de Parteien an um politesche System, et ass eng Tatsaach, datt an der Ukraine zënter de Präsidentschaftswahle vun 2004, d’politesch Muechtverhältnisser mam Stëmmziedel verännert ginn.

Den Interessi am Ausland un dëse Wahlen war grouss: Et ware ronn 3000 international Wahlbeobachter am Land zougelooss, dovunner sin 725 Delegéiert vu Conseil de l’Europe, Europa-, OSCE- an Nato-Parlament.

D’Ukraine hat deemols an huet och nach haut mat gewaltege wirtschaftleche Problemer ze kämpfen. Den IMF (International Monetary Fund) hält d’Land mat Krediter iwwer Waasser.

Eng éischte Kéier war ech fir d’Präsidentschaftswahlen den 17. Januar 2010 als Wahlbeobachter an der Ukraine, eng zwete Kéier fir den zweten Tour vun de Präsidentschaftswahlen den 7. Februar 2010.

Beim 2. Tour huet sech den Janukowitch (48,95 %) géint d’Timoschenko (45,47 %) duerchgesat. Och wann d’Unhänger vun der Madame Timoschenko vun massiven Fälschungen geschwat haten, d’OSCE huet d’Wahlen als transparent an éierlech bezeechent.

Dieser Beitrag wurde unter Politik abgelegt und mit , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s